
Eng Komedie, déi fir 8 Golden Globes nominéiert ass, leeft Haut nieft zwee franséische Filmer nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson mat weideren Detailer iwwert CET ETE-LA, TIRAILLEURS an THE BANSHEES OF INISHERIN.
THE BANSHEES OF INISHERIN vum Martin McDonagh mam Colin Farrell
Ufanks der 20er Joren, op der entleeëner irescher Insel vun Inisherin huet e Museker deen op den Enn vu sengem Liewen zousteiert vun engem Dag op deen aneren entscheet net méi mat sengem beschte Kolleeg, engem eefällege Bauer mat engem groussen Häerz ze schwätzen. Eng Entscheedung déi schwéier Konsequenzen wäert hunn. THE BANSHEES OF INISHERIN ass eng melancholesch Komedie vum THREE BILLBOARDS OUTSIDE EBBING, MISSOURI Realisateur Martin McDonagh.
TIRAILLEURS vum Mathieu Vadepied mam Omar Sy

Am engagéierte Krichsfilm TIRAILLEURS spillt den Omar Sy d’Haaptroll. Mir schreiwen d’Joer 1917. De Bakary Diallo mellt sech fräiwëlleg an déi franséisch Arméi fir säi Bouf vu 17 Joer erëmzefannen. Zesummen wäerten de Papp an de Bouf op der Front fir Frankräich musse kämpfen. Wärend deem de Bouf sech als Mann wëll am Krich beweisen, versicht säi Papp hien dovun ofzehalen ëmbruecht ze ginn.
CET ETE-LA vum Eric Lartigau mam Marina Foïs

CET ETE-LA ass de néie Film vum LA FAMILLE BELIER Réalisateur Eric Lartigau. An dësem "Coming of Age" Drama dréit alles sech ëm dat klengt Dune. Wéi gewinnt fiert hat mat der Famill an hiert alt Vakanzenhaus an de Landen. Ma fir dat 11 Joer aalt Meedchen ass dëse Summer alles aneschters well hat mierkt datt bei sengen Elteren eppes net stëmmt. Et ass de Summer wou hat seng Kandheet wäert hannert sech loossen.