Net manner wéi 3 ganz engagéiert sozial Filmer lafen dës Woch an de Kinoen uechter d'Land un. Ugefaange mat enger Lëtzebuerger Co-Produktioun mam Titel "Harka".

11/01/2023 Nei am Kino

HARKA vum Lofty Nathan mam Adam Bessa

HARKA vum Lofty Nathan ass eng lëtzebuergesch Co-Produktioun déi sech an Tunesien ofspillt. Den Ali, e jonken Tunesier, këmmert sech ëm seng 2 Schwësteren a verkeeft Benzin um Schwaarzmaart. Virun allem awer dreemt den Ali vun enger besserer Existenz. Nom Doud vu hirem Papp ginn si allen 3 aus hirem Haus expulséiert. Dës ernéiten Ongerechtegkeet erwëscht am Ali eng Roserei déi déif sëtzt.

ANNIE COLERE vum Blandine Lenoire mam Laure Calamy

RTL

Am ANNIE COLERE spillt déi césariséiert Actrice Laure Calamy d’Haaptroll. Am Februar 1974, gëtt d’Annie gewuer datt si ongewollt hirt drëtt e Kand erwaart. Mat der Hëllef vum "Mouvement pour la Liberté de l’Avortement et de la Contraception" wäert d’Annie sech asetzen fir datt d’Ofdreiwung legaliséiert gëtt.  

 

PACIFICTION vum Albert Serra mam Benoît Magimel

RTL

Am PACIFICTION vum Albert Serra spillt de Benoît Magimel e rodéierten Diplomat. Op der Insel vun Tahiti ass den De Roller de Vertrieder vun der franséischer Regierung. De ganz calculéierten Haut-Commissaire ass op der Insel wéi Doheem. Eng Rumeur datt déi franséisch Autoritéiten awer nees nuklear Tester an der Géigend vun Tahiti wëllen ënnerhuelen verbreet sech  ënnert der Populatioun an den De Roller réckt domat ëmmer méi an d’Opmierksamkeet.