LA GUERRE DES LULUS, eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun mam Luc Schiltz leeft dës Woch nei an de Kinoen un, genee wéi BABYLON mam Brad Pitt, OPERATION FORTUNE mam Jason Statham an L'IMMENSITA mam Penélope Cruz. De Loïc Tanson gëtt iech en Iwwerbléck op déi nei Kinosfilmer déi haut ulafen.

18/01/2023 Nei am Kino

BABYLON vum Damian Chazelle mam Brad Pitt

BABYLON ass de neien ambitiéise Film vum LA LA LAND Realisateur Damian Chazelle. De Brad Pitt an d’Margot Robbie spillen d’Haaptprotagonisten an dësem 3 Stonnen a 9 Minutte laangem Epos deen op déi verréckten 20er Joren zu Los Angeles zeréck kënnt - eng Period wou Hollywood gegrënnt gouf.

LA GUERRE DES LULUS vum Yann Samuell mam Luc Schiltz

RTL

De Lucas, Luigi, Lucien a Ludwig sinn eng Band vu Frënn an engem Weesenhaus a Frankräich um Ufank vum 1. Weltkrich. Wann se net grad amgaang sinn sech mat der Band vum Octave unzeleeën, entzéien se sech der Surveillance vum Direkter vum Heem a maachen Excursiounen an de Bësch. Esou sinn se dann och fort, wann d'Heem evakuéiert an zerstéiert gëtt, soudass se sech eleng mussen debrouilléieren, an dat, matzen am Krich, mat enger Front di ëmmer méi no réckelt. Bei dëser Lëtzebuerger Co-Produktioun féiert de LA GUERRE DES BOUTONS Realisateur Yann Samuell Regie.

OPERATION FORTUNE vum Guy Ritchie mam Jason Statham

RTL

De brittesche Realisateur Guy Ritchie mëllt sech mat enger ernéiter Action Komedie zeréck. Am OPERATION FORTUNE geet et ëm en MI6 Agent gespillt vum Jason Statham deen alles dru setze muss fir d’Vermaartung vun enger héich geféierlecher néier Waff ze verhënneren.

L’IMMENSITA vum Emanuele Crialese mam Penélope Cruz

RTL

L’IMMENSITA ass de néie Film mam Penélope Cruz deen sech zu Roum an de 70er Joren ofspillt. Matten an enger sozialer a kultureller Revolutioun bréngt eng Koppel et net fäerdeg sech ze trennen obwuel si sech net méi gären hunn. Fir d'Clara déi schwéier mat dëser traureger Situatioun eens gëtt, sinn hir 3 Kanner hire leschte Réckhalt.