Dës Woch lafen an de Kinoen nei Filmer mam Cate Blanchett a mam Jennifer Lopez un, genee wéi eng nostalgesch italienesch Produktioun an en engagéierte franséische Film. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Filmer vir.

25/01/2023 Nei Am Kino

TAR vum Todd Field mam Cate Blanchett

Wann de Realisateur vu LITTLE CHILDREN, den Todd Field mat der onvergläichlecher Actrice Cate Blanchett zesummen schafft , dann kann een op de Film gespaant sinn. Am TAR spillt Blanchett d’Lydia Tár, eng avant-gardistesch Dirigentin vum däitsche Symphonie Orchester. Hiert erfollegräicht Liewen basculéiert awer a kierzester Zäit, an Tar verléiert sech no a no an engem hoffnungslose Muechtspill.

SHOTGUN WEDDING vum Jason Moore mam Jennifer Lopez

 

RTL

SHOTGUN WEDDING ass déi nei typesch Romantesch Komedie vum Jennifer Lopez. J-Lo spillt hei eng Fra déi drop an drun ass sech op enger ganz exotescher Platz mat hirer grousser Léift ze bestueden. Ma den Uert deen si erausgesicht hunn steet ënnert der Virmuecht vun enger krimineller Organisatioun. Deemno sinn nawell Onrouen virgesinn.

NOSTALGIA vum Mario Martone mam Pierfrancesco Favino

RTL

NOSTALGIA ass de néie Film vum italienesche Realisateur Mario Martone. De Pierfrancesco Favino spillt hei e 40 Joer ale Mann deen zeréck a seng Gebuertsstad vu Neapel kennt wou hien op d’Spuere vu  senger Vergaangenheet geet.

16 ANS vum Philippe Lioret mam Sabrina Levoye

RTL

De Philippe Llioret, Realisateur vum Film WELCOME, huet mat 16 ANS bei enger neier sozialer Chronik Regie gefouert. D’Nora an de Léo hu 16 Joer an um Dag vun der Schoulrentrée verléiwen si sech op den éischte Bléck. Wann hir béid Familljen sech awer an d’Hoer kréien gëtt hir frësch Léift op d’Prouf gestalt.