Di 5. Live Action Adaptatioun vum Astérix an Obélix hiren Aventurë leeft dës Woch an de Kinoen un. Nieft dem 65 Milliounen deiere Blockbuster leeft awer ënnert anerem och de neie Film vum THE 6TH SENSE an UNBREAKABLE Realisateur M. Night Shyamalan un. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Kinosfilmer vun dëser Woch vir.

01/02/2023 Nei am Kino

ASTERIX ET OBELIX: L’EMPIRE DU MILIEU vum a mam Guillaume Canet

Am néie franséische Blockbuster ASTERIX ET OBELIX: L’EMPIRE DU MILIEU spillen de Guillaume Canet an de Gilles Lellouche d’Haaptrollen.  D’Prinzessin Fu Yi reest a Gallien fir den Astérix an de Obélix ëm Hëllef ze bieden fir d’Keeserin vu China déi agespaart gouf ze befréien. Mat hirer magescher Potioun an ouni den Idéfix ze vergiessen reesen di zwee renomméiert Gallier a China wou si op en ale Bekannte wäerten treffen.

KNOCK AT THE CABIN vum M. Night Shyamalan mam Jonathan Groff

RTL

De Realisateur vun THE 6TH SENSE, den M.Night Shyamalan mëllt sech mat KNOCK AT THE CABIN mat engem pueren Horrorfilm zeréck. E jonkt Meedchen a seng Elteren ginn hei vu 4 Frieme Léit an hirem entleeëne Vakanzenhaus als Geisel geholl. Si ginn virun en onméigleche Choix gestalt deen d’Welt soll dovun ofhalen ënnerzegoen, Ma et ass keng Hëllef wéit a Breed.

LA LIGNE vum Ursula Meier mam Valeria Bruni Tedeschi

RTL

Am intime franséischen Drama LA LIGNE spillt Stéphanie Blanchoud eng 35 Joer al Fra déi hir Mamm op brutal Manéier aggresséiert huet. Deemno gouf si dozou verurteelt net méi no wéi 100 Meter un hir Gebuertshaus erukommen ze duerfen a wärend 3 Méint kann si hir Mamm net méi kontaktéieren. Ma dës legal Moossnam dréift Margaret dozou hir Famill ëmsou méi wëllen ze gesinn.

 

AFTERSUN vum Charlotte Wells mam Paul Mescal

RTL

AFTERSUN ass den éischte Film vun der Realisatrice Charlotte Wells. Héi geet et ëm d’Sophie déi sech ëmmer nees an den Erennerunge un eng Summervakanz déi si 20 Joer méi fréi mat hirem Papp verbruecht huet verléiert. Mat vill Melancholie kuckt si op dës Zäit zeréck, wëll si d’Gefill huet hire Papp net wierklech ze kennen.