
Eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, e neie Marvel Film deen an eng onbekannte Welt andaucht an eng Verfilmung vun engem schwedesche Bestseller starten dës Woch an de Kinoen. De Loïc Tanson mat weideren Detailer.
ANT-MAN AND THE WASP: QUANTUMANIA vum Peyton Reed mam Paul Rudd
ANT-MAN AND THE WASP: QUANTUMANIA ass den 3te Film an deem alles sech ëm de Seechomes-Man dréit deen nach ëmmer vum Paul Rudd gespillt gëtt. Hei kréien de Scott a seng Fra et an enger mysteriéiser Welt mam Meeschter vun der Zäit ze dinn.
A MAN CALLED OTTO vum Marc Foster mam Tom Hanks

A MAN CALLED OTTO ass eng amerikanesch Verfilmung vun engem schwedesche Bestseller vum Fredrik Backman. Am Mëttelpunkt steet en ale granzege Mann deen nom Doud vu senger Fra kee Grond méi huet fir ze liewen. Seng nei Noperen wäerten him awer e Stréch duerch d’Rechnung maachen.
BLANQUITA vum Fernando Guzzoni mam Laura Lopez

Am Zentrum vun der lëtzebuerger Co-Produktioun BLANQUITA steet e jonkt Meedchen, dat sexuell abuséiert gouf, an elo mat aneren traumatiséierte Jugendlechen an engem Foyer lieft. Matt der Ënnerstëtzung vum Geeschtlechen, deen de Foyer leet, decidéieren se géint hir Aggresseuren, räich Businessleit a Politiker, ze temoignéieren. Aus der Perspektiv vun den Affer erzielt, inspiréiert sech de Film un engem reellen a vill mediatiséierte Prozess géint e pedophille Reseau aus de Joren 2.000 am Chile.
WOMEN TALKING vum Sarah Polley mam Rooney Mara

WOMEN TALKING ass en Ensembel Film vun der Realisatrice Sarah Polley. An enger frommer reliéiser Communautéit kämpfe Fraen dofir fir hier Glawen an hiren Alldag mateneen ze versönen.