
De neie ganz perséinleche Film vum Steven Spielberg, eng skurril Komedie mat engem geckege Bier, genee wéi d'Adaptatioun vun engem däitsche Bestseller lafen dës Woch nei an eise Kinoen un. De Loïc Tanson stellt Iech d'Filmer vir.
THE FABELMANS vum Steven Spielberg mam Michelle Williams
Zesumme mat senge laangjärege Kollaborateure wéi dem Beliichter a Kameramann Janusz Kaminski oder dem Komponist John Williams ass dem Steven Spielberg mat THE FABELMANS e ganz beréierenden Hommage un de Kino als Konschtform déi ëmmer nees vun der Realitéit agefaangen gëtt gelongen. Nodeems de Sammy a senge jonke Joren fir d’éischt mat sengen Elteren an de Kino war an den Zauber vun der grousser Leinwand Hautno erlieft huet, gouf hien vu senger Faszinatioun iwwerrompelt an Filmer maachen gouf zu senger grousser Leidenschaft. THE FABELMANS ass sécherlech dem Spielberg säi perséinlechste Film.
COCAINE BEAR vum Elizabeth Banks mam Keri Russell

Esou skurril et kléngt ass COCAINE BEAR vun enger wouerer Geschicht inspiréiert. An dëser düsterer Komedie frësst e Bier am Staat Oregon eng gutt Portioun Kokain nodeems e Fliger mat 200kg vun der Drog u Bord am Bësch erofgefall ass. Datt dëst de Bier nawell geckeg gemaach huet ass en Euphemismus. COCAINE BEAR ass vum Elizabeth Banks realiséiert.
WANN WIRD ES ENDLICH WIEDER SO, WIE ES NIE WAR vum Sonja Heiss mam Devid Striesow

WANN WIRD ES ENDLICH WIEDER SO, WIE ES NIE WAR ass eng däitsch Produktioun déi um homonymen autobiographesche Buch vum Joachim Meyerhoff baséiert ass. Hei geet et ëm e jonke Bouf dee mat senger Famill um Terrain vun enger Psychiatrescher Klinik fir Kanner a Jugendlecher lieft an dee sech no a no bewosst gëtt datt seng Elteren sech auserneeliewen.
YOUSEFF SALEM A DU SUCCES vum Baya Kasmi mam Ramzy Bedia

Am YOUSEFF SALEM A DU SUCCES spilt de Ramzy Bedia den Titelpersonnage dee Schrëftsteller ass a mat 45 Joer säin éischte grousse Succès erlieft. Eenzegen Hoken bei der Saach ass datt säi Buch vu senger Famill inspiréiert ass, sou datt hien alles dru setzt datt keen aus sengem noen Ëmfeld Buch liese kann.