Di Lëtzebuergesch Realisatrice Laura Schroeder war mat hirem viirechte Film "Barrages", viru 6 Joer, op der Berlinale an der Niewesektioun FORUM selektionéiert. Elo weist se hiren neiste Film MARET an der Kompetitioun vum Luxfilmfest. De Joy Hoffmann hëllt de Film ënnert d'Lupp.

06/03/2023 LuxFilmFest: Maret

MARET vum Laura Schroeder

Déi 40 järeg Maret leit ënnert partieller Amnesie a ka sech un näischt méi aus hire leschten 20 Joer erënneren. No an no versicht se erauszefannen wat fir eng Zort Mënsch se eigentlech war, an dobäi kënnt net vill Erfreeleches eraus. Se hätt elo, duerch e neurochirurgeschen Agrëff d'Méiglechkeet, zu engem besseren an zefriddenen Mënsch ze ginn.

Eigentlech kéint dëst en interessant Thema sinn iwwer d'Essenz a Selbstbestëmmung vum Mënsch, iwwer Ethik, Moral a Wëssenschaft. Mee nee. D'Laura Schroeder huet decidéiert hiren introvertéierte Personnage an d'Lavawüüst vu Lanzarote ze schécken, op der Sich no hirer Personalitéit. Dobäi hätt d'Maret sech kënne bei hirer beschter Frëndin an hiren Elteren ëmfroen, an dat direkt um Ufank vum Film, am Plaz zum Schluss. Da wären engem dat laangt Wandere vu Plaz zu Plaz, di eidel Blécker duerch Fënstere, mat oder ouni Rideau, erspuert bliwwen. Et waart ee verzweiwelt drop, dass de Personnage reagéiert, mee et kënnt einfach näischt. Iergendwéi fënnt een trotzdeem no a no eraus, dass se muss e gestéiert Verhältnis zu Männer gehat hunn, well wuel d Ënnerbewosstsinn hir de Rejet vun alle Männer, déi se begéint, diktéiert. Soss ass deen eelelaangen Ritualen Danz, dee plëtzlech  out of nowhere opdaucht, typesch fir de ganze Film: de Spectateur kritt kaum eng Anung wat am Kapp vum Personnage oder der d'Realisatrice virgeet. Di ethesch Fro vun dem potentiellen Impakt vun der Neurochirurgie op de Mënsch bleift leider och just e Gimmick.

De Film ass a sengem luese Rhythmus a senger Form op mannst koherent a konsequent, mee dat ass, trotz den affichéierten Ambitiounen, an der gudder Interpretatioun vum Susanne Wolff net duergaangen fir eng Selektioun an engem vun de sëllegen internationale Festivaller ze ergatteren. Dass elo de Luxfilmfest aspréngt, ass erstaunlech, sinn dach Qualitéitskrittären vum Lëtzebuerger Festival fir an der Kompetitioun mat ze mëschen normalerweis bedeitend méi exigent.