Den 3te Film an der CREED Saga, an där sech alles ëm de Boxsport dréint, leeft haut nieft 3 weidere Produktiounen nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson stellt iech déi nei Filmer vir.

01/03/2023 Nei am Kino

CREED 3 vum a mam Michael B. Jordan

Den Adonis Creed ass eng Boxikon déi näischt méi ze beweisen huet. Den Dag wou säi Kandheetskolleeg nees opdaucht well en aus dem Prisong entlooss gouf kritt hien et mat engem Géigner am Ring ze dinn deen hien zerstéiere well. Den 3te Volet vun der CREED Saga déi op de Rocky Balboa Filmer baséiert ass, gouf vum Haaptduersteller Michael B. Jordan realiséiert.

 
THE SON vum Florian Zeller mam Hugh Jackman

RTL

THE SON ass eng thematesch Suite vum franséische Schrëftsteller a Realisateur Florian Zeller sengem international erfollegräiche Film THE FATHER. Hei geet et ëm e 17 järege Bouf deen net méi well bei senger Mamm bléiwen an dee wëll béi säi Papp liewe goen. E Papp deen néi bestuet ass an dee mat senger Fra e Puppelche krut.

 
LA SYNDICALISTE vum Jean-Paul Salomé mam Isabelle Huppert

RTL

LA SYNDICALISTE ass en Drama dee vum Jean-Paul Salomé realiséiert gouf mam Isabelle Huppert an der Haaptroll. D’Maureen steet ënnert groussem moraleschen a politeschen Drock well si op engem sensibelen Dossier am Beräich vun der Nuklearenergie schafft. Enges Moies gëtt Maureen op brutaalst Manéier Doheem iwwerfall. Well awer all Spuer vun engem Schëllege feelt, ass net kloer op Maureen Affer ass oder de ganzen Iwwerfall fräi erfonnt huet.

 
SONNE UND BETON vum David Wnendt mam Vincent Wiemer

RTL

SONNE UND BETON vum David Wnendt ass e Film dee vum autobiographesche Bestseller vum Felix Lobrecht adaptéiert gouf.
Am Summer 2003 matten an der Canicule zu Berlin mussen de Lukas a seng Kolleegen 500 Euro opdreiwen fir net vun engem Dealer zerklappt ze ginn. Deemno molen si sech e Plang aus fir déi néi Schoulcomputeren ze klauen. E Plang dee méi einfach kléngt wéi en ass.