
Um Luxfilmfest ginn zwee nei Lëtzebuerger Fiktiounsfilmer gewisen, déi och vu Lëtzebuerger realiséiert goufen. De Jacques Molitor huet no sengem éischte Film "Mammejong", elo rezent eng Rei Episoden vun der belscher Netflix Serie "Coyotes" realiséiert, a presentéiert elo säi neie Film KOMMUNIOUN. De Joy Hoffmann war sech de Film ukucken.
KOMMUNIOUN vum Jacques Molitor
D'Elaine erzitt hiren 10 järege Bouf eleng. Vum Papp weess een a priori kaum eppes. Deen ass nach virun der Gebuert op mysteriéis Manéier verschwonnen. De Bouf mécht awer ëmmer méi Problemer, behëlt sech aggressiv a béisst esouguer di aner Kanner. Wéi d'Situatioun méi schlëmm gëtt, decidéiert d'Elaine bei senge Schwéierelteren Hëllef sichen ze goen.
Dat ass eng räich, äerzkonservativ, kathoulesch Wënzerfamill vun der Musel, déi näischt vun hirem Enkel wossten, awer trotzdeem d'Mamm an de Bouf mat offenen Äerm ophuelen. No an no stellt sech awer eraus, dass sech hannert der biergerlecher Facade vun der Famill en onheemlecht Geheimnis verstoppt.
De Lëtzebuerger Titel vum Film: "Kommunioun" vermëttelt , a senger duebeler Bedeitung, di zwou Haaptthematiken vum Film. Dat ass enger säits di ganz enk Verbindung, tëschent der Mamm an dem Bouf, déi iwwer alles geet, an op där anerer Säit, di kierchlech Zeremonie iwwert déi d'Mamm an de Bouf der Famill soll bäitrieden, sech de Reegelen a Normen upassen, an eigentlech domat och hir Fräiheet opginn. Béid sinn, jiddereen op seng Manéier, Friemer, Aussesäiter a sinn gebieden sech ze integréieren, wann se Hëllef wëlle kréien.
Den engleschen Titel vum Film: "Wolfkin", wat esouvill heescht wéi "jonke Wollef" , ass dogéint vill méi explizitt. En deit vun Ufank un op dat aussergewéinlecht Schicksal vum Bouf hin, a situéiert och de Film an de Kader vum Genre Kino. Eng Rei klassesch Elementer vum Cinéma fantastique si gekonnt an de Plot agebaut ronderëm d'Thematik vu Selbstbestëmmung, Fräiheet an bedéngungslos Léift. Allerdéngs wierkt de Schluss vum Film verhaselt, a bei der Duerstellung vun der Famill feelt et um néidegen Developpement vun de Personnagen, esou dass déi ze vill clicheehaft an iwwerdriwwe wierken.
Zimmlech onbetraff dovun bleift allerdéngs déi ganz schéin Mamm-Jong Relatioun, déi iwwerzeegend eriwwerkënnt, och dank der exzellenter Franséischer Schauspillerin, Louise Manteau an der Roll vun der Mamm.