E Comicbuchheld, e klaustrophobeschen Thriller an zwou franséisch Komedien lafen dës Woch nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson huet d'Kinossortien ënnert d'Lupp geholl.

15/03/2023 Nei am Kino

USO:

E Comicbuchheld, e klaustrophobeschen Thriller an zwou franséisch Komedien lafen dës Woch nei an de Kinoen un. De Loïc Tanson huet sech d'Kinossortien ënnert d'Lupp geholl.

RTL

SHAZAM ! FURY OF THE GODS vum David F. Sanberg mam Zachary Levi

SHAZAM ! FURY OF THE GODS  ass den 2ten Deel vum DC COMICS Held Shazam gespillt vum Zachary Levi. An dëser Action Komedie kritt den Teenager deen sech als Superheld verwandelt wann en d’Wuert Shazam ausschwätzt et mam Gott Atlas sengen Duechteren ze dinn. Chaos ass deemno virprogramméiert.

INSIDE vum Vasilis Katsoupis mam Willem Dafoe

 

RTL

INSIDE ass e psychologeschen Thriller mam Willem Dafoe an der Haaptroll. Den Dafoe spillt hei en héich professionelle Konschtdéif deen sech géint säi Wëllen an engem Luxus Penthouse um Times Square vu New York agespaart zeréckfënnt.

 

MON CRIME vum François Ozon mam Isabelle Huppert

RTL

An der burlesker Komedie MON CRIME vum franséische Realisateur François Ozon versammelt sech en All-Star Cast virun der Kamera vum Realisateur vu 8 FEMMES. An den 30er Joren zu Paräis, gëtt eng jonk, aarm an talentfräi Actrice um Mord vun engem bekannte Produzent beschellëgt. Wann hat Ufanks fräi gesprach gëtt a vu senger néier Zélébritéit profitéiert, kënnt d'Wouerecht awer lues a lues eraus.

AILLEURS SI J’Y SUIS vum François Pirot mam Jérémie Renier

RTL

An der Lëtzebuerger Co-Produktioun AILLEURS SI J’Y SUIS (Tarantula) spillt de Jérémie Rénier den Haaptprotagonist Mathieu deen non-stop vu senger Famill an Aarbecht ënner Drock gesat gëtt. Wann hien es awer enges Daags genug huet, flücht de Mathieu an de Bësch a wëll och fir ëmmer do bléiwen.  Säin Ëmfeld ass wuel besuergt, ma si bewonneren awer dem Mathieu seng nei gewonne Fräiheet.