De Lëtzebuerger Komponist Anselme Pau huet bis elo éischter Instrumental-Stécker geschriwwen. D'Iddi fir en Album mat Sänger a Sängerinne geeschtert awer scho méi laang a sengem Kapp. Speziell bei dësem Projet; den Anselme huet kee vu senge Gaaschtmuseker perséinlech kennegeléiert, de ganzen Austausch war am Internet, dowéinst och den Titel Internetional. E Méinden den Owend Am Takt, 100 Prozent Lëtzebuerger Musek tëscht 20:00 an 21:00, huet den Anselme sech a seng Musek virgestallt.

10/06/2020 Am Takt mam Anselme Pau

Internetional, eng Mëschung International an Internet, fir ebe grad d'Particularitéit vun dëser Plack z'ënnersträichen. Wéi den Anselme am Interview erkläert huet, gouf et kee physesche Kontakt (wärend der Pandemie souwisou net sou einfach) mat den eenzelen Artisten déi op den 12 Lidder matgewierkt hunn. Bis de Summer solle 15 Stécker fäerdeg sinn.

Natierlech gouf d'Rad net komplett nei erfonnt, sou de Komponist weider, well d'Praktik fir hei d'Batterie, do d'Gittar an iergendwou aneschters d'Stëmm opzehuelen, gëtt et scho laang. Den Anselme leet awer wäert drop datt hien déi eenzel Acteure vun dësem Projet ni perséinlech kennegeléiert huet, eng richteg Aventure souzesoen.

Aus diverse Grënn, Kompositioune fir Film an Tëlee, huet de Release ëmmer misse geréckelt ginn; elo fir de Summer soll Internetional dann definitiv erauskommen. Am Takt huet den Anselme Pau mat direkt 3 Lidder gemaach; La petite valse, Tell Me an Nunca es tarde para comenzar, ënner anerem och fir d'Diversitéit vun de musikalesche Richtungen ze demonstréieren.