Hie gehéiert an de berüümte Club vun den 27, och wann en éischter als Kënschtler, wéi als Museker bekannt ass. Mä de Jean-Michel Basquiat war en Artist, dee sech a ville Genren doheem gespuert huet a seng Konscht vrun allem an d'Strooss bruecht huet. D'Christiane Kremer iwwer deen éischten afro-amerikanesche Moler, deen d'international Konschtzeen markéiert huet.

16/07/2020 Serie "Black arts Matter" De Jean-Michel Basquiat

Andy Wharhol, Keith Haring, Madonna ... de Jean-Michel Basquiat huet mat hinnen an den 1980er Joren zu New York gelieft a geschafft... Hie war Museker, DJ, Moler, Graffiti-Kënschtler, e jonke Mann déi sech vu villem inspiréiert gefillt huet.

1960 den 22. Dezember koum en als Fils vun enger puertoricanescher Mamm an engem Papp, deen originaire aus Haïti war, op d'Welt. Seng konschtbegeeschtert Mamm huet dee klenge Jean-Michel mat an d'Muséeën zu New York geschleeft, wou hie fir d'éischt a Kontakt mat der Molerei koum. Seng beschte Schoul, wéi e selwer festgestallt huet, Konscht huet hien ni studéiert. No engem Accident, bei deem hien den Aarm gebrach hat, kritt e vu senger Mamm e Buch iwwer d'Anatomie vum mënschleche Kierper geschenkt: Grays Anatomy. E Buch dat hie spéider bei sengen Aarbechten inspiréiert. A sengen Zeechnungen tauchen dacks Skelleter oder Doudekäpp och. Och seng Musekband an där hie Klarinett a Synthesizer an de Clubben zu New York spillt, heescht Gray.

© http://www.basquiat.cloud/basquiat-artwoks/

Mat 17 Joer fänkt de Jean-Michel Basquiat u mat sengem Schoulkolleg Al Diaz Spréch op d'Mauere vum Kënschtler-Quartier Soho ze sprayen. Ëmmer nees stinn d'Buschtawen SAMO an d'Copyright-Zeechen do an e Message hannendrun. SAMO - steet fir Same old Shit, en Ausdrock aus der afro-amerkikanescher Bevëlkerung fir ze soen, datt sech un der rassistescher Astellung dach näischt ännere wäert. D'Copyright-Zeechen war eng Art Kritik um Konsum. E Joer laang ass zu New York gerätselt ginn, wien hannert deene Message géif stiechen. Dono huet de Basquiat mam Pseudonym Samo© awer och Ausstellungen an den USA an an Europa gemaach. Hien huet Leit wéi Dali a Warhol begéint a säin eegene Stil ëmmer méi entwéckelt: e Genre Collagen mat Copy Paste, Texter, Zeechnungen.
De Schrëftzuch „Samo© as a neo art form“ gëtt als de Lancement vun der konzeptueller Grafiti-Konscht gesinn. Da Basquiat reng als Graffiti-Kënschtler gesinn, ass awer falsch. 1981 huet e sech vu sengem Pseudonym getrennt...

"I'm an artist - When you tell people that, they usually say "What's your medium?" I usually say: Extra large!"

Ass e berüümte Saz vum Kënschtler, deen an den 1980er Joren ëmmer méi bekannt a populär gouf. Als neoexpressionistesch Konscht goufe seng Wierker beschriwwen, si waren dacks e Melange vun Elementer aus der afrikanescher Vollekskonscht an der amerikanescher Stroossekultur. Säi Liewen hat awer och e séiere Rhytmus. Warscheinlech huet e gespuert, datt en net vill Zäit hätt. Wéi den Jean-Michel Basquiat 1988 mat eben 27 Joer un enger Iwwerdosis Droge gestuerwen ass, huet hien iwwer 2000 Zeechnungen an Objeten an iwwer 1000 Biller hannerlooss. Eent dervun ass en Hommage un den Jazz an de Louis Armstrong