Si ass um Ufank vum 20te Joerhonnert entstanen a vermëscht Elementer aus der afrikanescher Volleksmusek an der europäesch-amerikanescher Marsch- an Danzmusek- rieds geet vum Jazz, deen haaptsächlech an der afro-amerikanescher Bevëlkerung an zu New Orleans entstanen ass. Ee vun de populäerste Vertrieder ass den Trompettist a Sänger Louis Armstrong. An der Serie Black Arts Matter kuckt d'Christiane Kremer zeréck op eng Musek, déi sech duerch d'Welt an d'Joerzéngten entwéckelt huet.

21/07/2020 Serie "Black Arts Matter" Louis Armstrong (3)

Wou de Begrëff Jazz hierkënnt ass net 100%eg ze beleeën, e schéngt awer vum franséische Wuert jasm ze stamen, wat esou vill heescht wéi Dynamik, Vitalitéit, Energie. De Begrëff Jazz ass awer net fir d'éischt an der Musekwelt, mä am Sport gebraucht ginn an zwar am Baseball. Séier gouf en awer vun ëmmer méi Bands opgegraff, déi am Genre vum Ragtime Musek gemaach hunn. Zënter 1917 ass och d'Verb "to jazz" beluecht. Datt de Begrëff awer och eng rassistesch Connotatioun hätt, ass an de Jorzéngten dono ëmmer erëm opkomm. Et wier e Begrëff vum "wäisse Master" fir d'Musek vun den Afroamerikaner ze bezeechnen. Ënner anerem de Miles Davis wollt sech dovunner distanzéieren - ëmmer erëm gëtt och als alternative Begrëff "Black American Music" proposéiert.Um Ufank war d'Jazzmusek eng  Melodie mat enger festgeluechter Harmonie, déi awer op villsäiteg Manéier Improvisatiounen zougelooss a gefuerdert huet. Dorausser sinn an de Joerzéngten eng Onmass vu Genren entstanen.

Sécher ee vun de bekannteste Vertrieder ass de Louis Armstrong. Hie koum 1901 zu New Orleans op d'Welt, huet scho mat 7 Joer musse schaffen an Zeitungen ausdroen a koum dunn an en Heim, well en Silvester mat engem Revolver an d'Luucht geschoss hat. Am Heim selwer hat en den éischte Kontakt mat der Musek an haaptsächlech mat engem Blosinstrument, dem Cornet. Ganz geschwënn huet e schonn a Bare gespillt fir e bëssi Suern ze verdéngen an dunn op de Mississippi-Schëffer, wou e Kontakt zu anere Museker krut an dunn op Chicago geplënnert ass. Do huet en och seng zweet Fra , d'Pianistin Lil Harding kennegeléiert, déi hien encouragéiert huet mol selwer eng Band ze grënnen. An den 1920er goufen et d'Hot Five an d'Hot Seven-Sessions. No der grousser Depressioun koum déi ganz grouss Kariär, mat senge Solo-Improvisatiounen gouf de Satchmo, wéi e wéinst sengem grousse Mond genannt gouf, zum Star.

Et koum een Hit nom aneren, den Armstrong ass fir de Swing a Big Bands opgetrueden, koum um Enn zeréck bei den New Orleans Jazz, huet Tourneeën an Europa gemaach an uechtert d'Welt. Do huet hien och eng Roll als Ambassadeur vu sengem Land am Kale Krich gespillt, bis en dat aus Protest géint d'Rassendiskriminatioun an den USA och emol refuséiert huet. 

Den Armstrong hat awer och kierperlech Probleemer a krut vun den Doktere geroden manner ze maachen, vrun allem manner Trompett ze spillen. Seng Lëpse si permanent gebascht an opgeplatzt, hien hat eng extra Crème derfir. Dofir huet e méi gesongen an eleng duerch seng Optrëtter an Hollywood-Produktiounen gouf en definitiv zum Weltstar.

De Louis Armstrong war 4 Mol bestuet, an ass 1971 no engem 4ten Häerzschlag am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Hie markéiert a beaflosst bis haut Museker an der ganzer Welt.