1985 huet de Steven Spielberg d'Buch vun der afro-amerikanescher Autorin an Aktivistin Alice Walker "The Colour Purple" verfilmt, fir dat se den Amerikanesche Literaturpräis an de Pullitzer-Präis kritt hat. De Roman beschreift d'Liewe vu Fraen um Ufank vum 20te Joerhonnert an den amerikaneschen Südstaaten, hire Kampf fir Gläichberechtegung, géint Ënnerdréckung a Rassismus. Mam Film gouf d'Whoopi Goldberg als Actrice bekannt. Christiane Kremer

23/07/2020 Serie Black Arts Matter "Colour Purple & Whoopi Goldberg" (4)

Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet d'Celie e 14 Joer aalt Meedchen, dat scho fir d'zweet schwanger ass, nodeems et vum Papp vergewaltegt gouf. Dee Papp, deen d'Puppelcher dono direkt verkeeft. D'Celie a seng Schwëster Nettie probéieren sech géigesäiteg ze beschützen. D'Celie gëtt mam Noper Albert Johnson bestuet an d'Nettie muss fort. Déi zwou Schwësteren verléiere sech aus den Aen. Hëllef kritt d'Celie onerwaart vun der Jazz-Sängerin Shug Avery, déi den Albert als Maîtresse mat heembréngt. Déi zwou Frae gi Frëndinnen a wiere sech gemeinsam an de Joren duerno.

De Film an deem nieft der Whoopi Goldberg och nach den Danny Glover an d'Oprah Winfrey matspillen, krut 11 Oscar-Nominatiounen, Awer keen eenzege Präis. Bei de Golden Globes war de Präis fir déi bescht Actrice awer un d'Whoopi Goldberg gaangen.

Als Film-Schauspillerin war dem Steven Spielberg seng Produktioun de groussen Debut fir d'Whoopi Goldberg, déi awer scho virdrun als Stand-Up-Comedian an duerch hir One-Woman-Show The Spook Show bekannt war. Deemools wéi haut waren hir Dreadlocks e Markenzeechen a vrun allem hiert Talent souwuel als Komikerin, wéi och an dramatesche Rollen z'iwwerzeegen.

Déi engagéiert Fra, déi iwwregens eng Dyslexie huet, krut e puer Joer méi spéit en Oscar fir déi bescht weiblech Nieweroll am Film "Ghost", wou se nieft dem Demi Moore a Patrick Swayze gespillt huet. De ganz groussen a populäre Succès war awer sécher de Musekfilm "Sister Act" 1 an 2, mat deem se och op der Musical-Bün stoung. Mä d'Whoopi Goldberg huet och weider an anere Beräicher Succès, wéi hir Talkshow "The Whoopi Goldberg Show", am Film "Jumping Jack Flash" oder an der Serie Star Trek. Net esou gutt koum d'Sitcom "Whoopi" 2004 un.

Déi dräifach Bomi Whoopi Goldberg, déi als Caryn Elaine Johnson 1955 zu New York op d'Welt koum, engagéiert sech a verschiddene Beräicher: fir d'Rechter vun homosexuelle Mënschen an d'Legaliséierung vu Canabis fir medizinesch Zwecker.

Si gehéiert zu den 15 Persounen, déi de sougenannten EGOT-Status hunn. Sie huet en Emmy, e Grammy, en Oscar an en Tony gewonnen.