An den 1970er Joren ass an de Ghetto-Stroosse vun New York eng nei Musekrichtung enstanen, déi sech inspiréiert huet beim afro-amerikanesche Funk a Soul. Den Hip Hop zeechent sech aus duerch e puer innovativ Techniken. Dozou gehéiert och e sougenannte Schwätzgesank: de Rap. Christiane Kremer

28/07/2020 Serie: Black Arts Matter "Rap-Musek an den Tupac Shakur" (5)

Ufank vun den 1970er hunn d'DJen ugefaange keng ganz Lidder méi riicht duerch ze spillen, mä zum Beispill zwou Placke mateneen opzeleeën, hin an hier ze switchen an esou quasi en anert Stéck ze montéieren an natierlech och en anere Rhytmus. Ëmmer nei Technike sinn entstanen, wéi d'Samplen (Musek, déi opgeholl an ëmmer nees nei drënnergeluecht gëtt) oder d'Scratchen (d'Hin- an Hierbeweege vu Vinylplaken, sou datt den Toun wéi verkraazt wierkt). 

Den neie Sound huet och nei Bewegunge lancéiert, déi éischt B-Boys hunn de Breakdance op den Dancefloor bruecht oder de Beatboxing, wou d'Téin reng mat der Stëmm nogemaach ginn. An der Konscht ass de Graffity opgetaucht. An da gouf et nach de Rap, e Schwätzgesank, deen iwwer déi sougenannten Masters of Ceremony - kuerz MC - enstanen ass, déi d'DJe begleet an ugesot hunn an de Publikum motivéiert hunn, matzemaachen.

Dobäi huet de Rap och eng politesch Wuerzel an ass mat kriteschen Texter un der Bewegung ronderëm den Aktivist Malcolm X  inspiréiert. Alles dat gehéiert zu deem, wat een Hip Hop nennt.

D'Rapmusek huet sech virun allem ausgezeechent duerch kritesch Texter, déi op Ongerechtegkeeten opmierksam gemaach hunn an op Rassismus, mat deem jonk Afroamerikaner opgewuess sinn. D'Texter waren deels sozialkritesch, hunn deels awer och gewalttäteg geklongen.

Ee vun de bekannte Rapper aus den 1990er Joren war den Tupac Shakur, deen zu New York opgewuess ass an dono zu Baltimore seng schéinsten Zäit hat, wéi en eemol sot. Hien huet do Konscht a Literatur, Ballet an Theater entdeckt. Dono ass seng Mamm mat de Kanner a Kalifornie geplënnert. An de Ghettoe vun Oakland koum en a Kontakt mat Drogendealer, awer och mat der Musekzeen an huet geschwënn als Dancer a Rapper iwwerzeegt. Säin éischten Album "2Pacalypse Now" ass direkt e politesche Statement.

Dem Tupac säi Papp a seng Mamm waren Aktivisten an der Black Panther Bewegung, seng Giedel Assate, eng Biergerrechtlerin, sëtzt nach haut a Kuba am Exil. Hien huet sech och sozial engagéiert, ass awer ëmmer nees a Kläppereie geroden, souz am Prisong a stoung wéinst sexueller Belästegung viru Geriicht.

Déi sougenannten Gangsta-Rapperzeen war deemools eng gespléckten tëscht East-Coast a West-Coast, tëscht zwou Plackefirmen, bei där et ëm regelrecht Agressiounen a Provokatiounen, och nach Beefs genannt, geet. 1994 gëtt op hie geschoss, wéi e mam Puff Daddy an dem Nororious B.I.G. sollt fir eng Opnam zu New York an de Studio. Den Tupac huet dono déi zwee aner Rapper verdächtegt hannert der Attack ze stiechen.

Zwee Joer méi spéit, no engem Boxmatch vum Mike Tyson zu Las Vegas, kënnt et am Hotel zu enger Kläpperei an déi de Rapper verwéckelt ass. Kuerz drop gëtt op den Auto geschoss, an deem hie sëtzt. E puer Deeg dono stierft en, am Alter vun 25 Joer, u senge Verletzungen.

Wien de Tupac erschoss huet, ass ni richteg gekläert ginn.

Säi grousse Konkurent, den Notorious B.I.G, gëtt nëmmen e puer Méint drop zu Los Angeles och am Auto erschoss.

Béid gëllen haut als Pionnéier vum Rap, den Tupac gëtt vum Rolling Stone op Plaz 86 an der Lëscht vun den 100 beschte Sänger vun allen Zäite gefouert. Hien huet iwwer 75 Milliounen Albe verkaaft.