All Joer bei den Oscar-Zeremonie gëtt kritesch bemierkt, datt afroamerikanesch Schauspiller nach ëmmer benodeelegt sinn. A wann een an de Lëschte kuckt, gesäit een, dat do e grousst Ongläichgewiicht ass. Déi alleréischt Schauspillerin, déi en Oscar iwwerreecht krut, war 1940 d'Hattie McDaniel als bescht Actrice an enger Nieweroll am Film "Gone with the wind". Mä d'Laureatin huet net duerfen do sëtzen, wou déi aner placéiert waren, Christiane Kremer.

30/07/2020 Serie: Black Arts Matter: Hattie McDaniel (6)

Si souz hannen un engem Dësch, just zesumme mat hirem afroamerikanesche Begleeder. Hiren Oscar ass d'Hattie McDaniel awer siche gaangen op d'Bün an huet och eng Ried gehalen an där se mat vill Emotioun Merci gesot huet. An d'Hoffnung ausgedréckt huet, datt dëse Präis e Signal wier fir hir Kariär an och fir hir Rass.

Datt et nach emol géif 24 Joer daueren bis mam Sydney Poitier nees e faarwege Schauspiller en Oscar kritt huet, konnt se deemools nach net wëssen.

D'Rassentrennung krut se also ze spieren, souwuel am Beruff wéi bei der Zeremonie am Ambassadors Hotel oder och bei der Première vum Film, wou just déi wäiss Schauspiller invitéiert waren. Mä ganz glécklech dierft se och net gemaach hunn, datt et aus hirer Communautéit och béis Kriticke gouf. Si hätt sech kréie gelooss, déi Clichets-Rolle vu Schwaarzen ze spillen, déi just an dëse Filmer virgesi waren. Hire Kommentar an engem Interview:

"Firwat soll ech mech beschwéieren, datt ech fir 700 Dollar d'Woch en Hausmeedche spillen? Wann ech dat net maachen, da läit meng Pai bei 7 Dollar d'Woch!"

© Scanned by Myra Wysinger and uploaded. Photo from family photo collection

1895 ass se am Kansas als Jéngst vun 13 Kanner op d'Welt komm an huet ganz séier hir Begeeschterung fir d'Sangen entdeckt. Si stoung a verschiddene Musicals op der Bün, besonnesch an der Produktioun "Showboat". 1931 ass se op Hollywood gaange fir Schauspillerin ze ginn, nodeems se virdrun all méiglech Aarbechte wärend der grousser Depressioun ugeholl huet. Hir Rollen: Déngschtmeedercher, Kächinnen, kleng Rollen eeben. Den Filmregisseur John Ford an och den Acteur Clark Gable hu se ëmmer nees ënnerstëtzt. Si ass an der Verflimung vum Musical "Show Boat" besat ginn a krut dunn d'Roll vum "Mammie" bei "Vom Winde verweht".

Och no dësem Succès kritt se ëmmer nees den deegleche Rassismus ze spieren, ob et an hirem Haus an engem Quartier zu Hollywood ass oder d'Rollen awer nach ëmmer déi selwecht Stereotype bleiwen. 1949 hält se mat de Filmer op a mécht Karriär am Radio. Mat 57 Joer stierft d'Hattie McDaniel u Broschtkriibs. Si war 4 Mol bestuet.

An hirem Palmarès stinn iwwer 300 Filmrollen, mä nëmmen a 80 Filmer gëtt se och mam Numm ernimmt.

Hire gréisste Succès, den Oscar, ass iwwregens verschwonnen a bis ewell nach net erëmfonnt ginn. 2010 hat d'Actrice Mo'Nique, wéi si hiren Oscar als bescht weiblech Nieweroll iwwerreecht krut, e bloe Rack un a Magnolien an den Hoer- sou wéi d'Hattie McDaniel 1940.

An de Fim "Gone with the wind", fir deen d'Hattie McDaniel hiren Oscar krut, gehéiert elo zu deene Wierker, déi de Vermierk "rassistesch Stereotypen" kruten.