"Wien d'Kulturgeschicht vun den USA aus de leschte 40 Joer wëll schreiwen, dee soll just dem Spike Lee seng Filmer kucken", sou steet et op dem amerikanesche Kulturnews-Site "Vulture" ze liesen. Ëmmer erëm verschafft de Realisateur, Dréibuchauteur an Acteur Themen, déi grad an der Aktualitéit sinn, wéi elo d'Rassismus-Diskussioun. Christiane Kremer

04/08/2020 Serie: Black Arts Matter "Spike Lee" (7)

"Da 5 bloods" heescht de rezente Film vum Spike Lee, deen zënter engem Mount op Netflix ze gesinn ass. Et ass d'Geschicht vu véier afro-amerikanesche Vietnam-Veteranen, déi dohinner zeréckkommen, well se endlech wëllen d'Läich vun hirem Chef sichen, deen deemools ëmkomm war. Awer och Gold, dat mat verschwonnen ass, Gold mat deem de CIA wollt Informatioune kafen.

Am Film si Referenzen un déi aktuell politesch Situatioun vun den USA, sou wéi et ëmmer erëm a senge Filmer passéiert. An der "Black Lives Matter" Debatt huet de Spike Lee selwer scho gemengt, et soll een, deen een oder anere vu senge Filmer kucken, hien hätt déi vrun allem gesellschaftspolitesch Themen scho behandelt an e gëtt och net midd, se ëmmer weider unzepaken.

Dobäi huet de Spike Lee och scho selwer mussen erliewen, datt hie Rassimus vun där anerer Säit virgehäit kritt. Hie géif dacks mat Stereotypen vis-à-vis vun anere Gruppe schaffen.

© AFP

De Spike Lee, 1957 als Shelton Jackson Lee zu Atlanta gebuer, ass eent vu 5 Kanner vun enger Léierin an engem Jazzmuseker. D'Kanner sinn ugehale ginn keng Tëlee ze kucken an en Instrument ze léieren. Seng Bom huet him bei der Finanzéierung vum Ofschlossfilm op der Filmschoul gehollef, säi Papp Bill Lee huet, wéi och nach bei spéidere Wierker, d'Musek gemaach a säi Studentekolleg Ang Lee huet d'Regieassistenz garantéiert. De Film krut zu Cannes direkt e Präis.

Dono huet de Spike Lee seng Firma 40 Acres and a Mule Filmworks gegrënnt. Domadder ass hien op e Verspriechen agaangen, dat ni gehale gouf, 1865 sollte fréier Sklaven als Kompensatioun Land an en Notzdéier kréien.

De Spike Lee gehéiert zu de Vertrieder vum sougenannte New Black Cinema an den USA aus den 1980er Joren. Seng Filmer falen op, well hie gär verschidde Stiler a Genrë vermëscht. Nieft senge Spillfilmer, schafft hien och dokumentaresch, mécht Videoclippen a Publicitéitsproduktiounen. Hien huet eng Rei Acteuren entdeckt, wéi den Denzel Washington oder d'Halle Berry - déi éischt afro-amerikanesch Fra, déi en Oscar fir eng Haaptroll 2002 kritt huet. Mat hir war hien och privat liéiert. Bestuet ass de Spike Lee mat der Schrëftstellerin Tonya Lewis. Si hunn zwee Kanner.

No e puer Nominatiounen, ënner anerem fir de Film "Malcolm X" iwwer de groussen Aktivist, krut de Spike Lee, nieft engem Éierenoscar, lescht Joer awer och en Oscar fir déi bescht Dréibuch-Adaptatioun vum Film "BlacKkKlansman". De Film krut zu Cannes um Filmfestival de Grand Prix du Jury.

Do hätt de Spike Lee dëst Joer sollen de President vum Jury sinn. No der Annulatioun duerch de Covid19, soll hien dat elo 2021 maachen.