Haut feiert ee vun de bekannteste Lëtzebuerger e ronne Gebuertsdag. Een, bei deem den ofgekierzten, italienesche Virnumm duergeet, datt d'ganzt Land weess, wie gemengt ass. De Fausti kritt der 80 - Christiane Kremer.

24/07/2020 Portrait 80 Joer Fausti

Als Faustino Cima, eent vu 7 Kanner, kënnt de Fausti viru genee 80 Joer am Gronn op d'Welt, mattsen an der Wéi vun der Lëtzebuerger Geschicht a genee do, wou haut e Bistrot steet, wou gutt Laun a Musek derzou gehéieren. Ob dat symbolesch war fir dat, wat eemol aus dem Fausti géif ginn? Datt et e Museker wier, konnt ee ganz séier erausfannen. Deen temperamentvolle Bouf ass dann och séier an de Conservatoire koum an huet een Instrument nom anere geléiert: Gei an Akkordeon fir unzefänken.

Mam Akkordeon huet hie scho mat 12 Joer Danzmusek gespillt. Spéider koumen nach Gitarr, Klarinett a Batterie derbäi.
Mat der Gitarr huet hien an den Orchesteren Johnni Nimax, Jempy Faust a Jean Roderes gespillt a war beim RTL Orchester derbäi.

Besonnesch op der Batterie ass de Fausti dunn an der Jazz- a Swing-Musek opgefall an de Baren a Cabareten an den 1960er Joren an der Stad.

Hie war et awer och, deen op d'Tromm geschloen huet, wéi den Udo Jürgens 1966 an der Villa Louvigny de Grand Prix Eurovision de la Chanson fir Éisterräich gewonnen huet.

Mä och de Fausti konnt sangen a mat senger Stëmm grad esou villsäiteg ëmgoen, wéi mat de villen Instrumenter. Dat hate se och am Ausland matkritt. Den däitsche Produzent Rudolf Strassner huet mat him Placken opgeholl, woubäi dem Fausti säi komescht Talent sou richteg zum Asaz koum.

Datt en extreem spontan konnt sinn, huet eng Radiosopnam bewisen, wéi en an enger Sendung dem Dalida am Lidd Gigi l'amoroso mol einfach geäntwert huet.

An den 1980er Joren huet d'Zesummenaarbecht mam Jang Linster ugefaangen mat enger Rei Placken, op deenen al Lëtzebuerger Lidder nei opliewe gelooss goufen.

Mëtt vun den 1990er Jore koum dunn den definitiven Sprong zum Lëtzebuerger Publikumsliibling. Do ass et engem scho waarm ginn, wann de Fausti mat Glace ronderëm sech geheit huet.

Fuesfiestaen, Päischt-Croisièren, Optrëtter hei an do, ëmmer nees nei Lëtzebuerger Hits aus der Linster-Fieder, de Fausti huet gutt Laun verspreet a regelrecht Ouerewierm lancéiert.

Hien ass a bleift e musikalescht Risen-Talent mat enormer Ausstralung, hie war awer och en Individualist. Vu Beruff Gutt Laun sinn - dat kann ustrengend sinn: haut ass et méi roueg ginn ëm de Fausti. Optriede wëll en net méi. Feiere soll en nach!

Alles Guddes Fausti! Tanti Auguri - Abuelo...