Zënter leschte Mëttwoch ass de 77. Filmfestival vu Venedeg amgaangen, deen eenzegen zënter dem Ausbroch vum Corona-Virus. Am ganze si bis elo 18 Kompetitiounsfilmer der Jury an der Press gewise ginn. Mat Spannung gëtt den Owend nach op "Nomadland", den neie Film vum Chloé Zhao gewaart. Den Tom Dockal zitt awer schonn en éischten a perséinleche Bilan.

11/09/2020 Filmfestival Venezia (3) 17h10

D'Selezione ufficiale vun der 77. Mostra vu Venedeg war duerchwuessen. Dat ass dat mannst, wat ee ka soen.

Natierlech, de Festival hat et aus bekannte Grënn net einfach. Wéi positionéiert sech esou e Filmfest ëm, dat iwwert déi leschte Joer op Héichglanz an déck Nimm a senger Kompetitioun gesat huet. Dat ass keen einfachen Exercice an et wier bei aller Freed iwwer d'Stattfanne vum Festival net éierlech ze soen, datt d'Selektioun vun de Kompetitiounsfilmer e grousse Cru gewiescht wier.

Den Amos Gitai an d'Nicole Garcia hu katastrofal Filmer presentéiert. Och beim iranesche Bäitrag Khorshid an dem däitschen Und morgen die ganze Welt, u sech zwee Mainstream-Filmer, déi formell ganz konventionell gemaach sinn, freet ee sech, wou den Interêt ass, déi esou héich ze selektionnéieren.

© AFP (Michel Franco)

Da gouf et Filmer, déi och nach Deeg dono nokléngen, well se net esou einfach ze faasse waaren. De Miserabilist Michel Franco huet et engem mat sengem Film Nuevo Orden net einfach gemaach, de polnesche Film Never Gonna Snow Again iwwer en eventuell zu Chernobyl verstraaltene Masseur, deen enger Noperschaft de Kapp verdréit, wor och net wierklech un Uregkeet ze stoppen.

De perséinleche Favorit aus der Selektioun - vum leschte Film mol ofgesinn - ass The Disciple, d'Geschicht vun engem Raga-Museker, deen héich eraus wëll, mee un esou munchem zerbrécht. E luesen, poetesche Film, esou - entre guillemets - repetitiv wéi seng Musek. Mee mat engem enorme Sog.

Aner Favoriten woren ganz einfach ausser Kompetitioun oder einfach an enger Paralellselektioun - net vu Venedeg selwer selektionnéiert - mä bei den Giornate degli autori, den Auteurendeeg.

Ausser Konkurrenz wor dem Quentin Dupieux säi Mandibules huet mat senger debiler Komedie ronderëm zwee Frënn, déi eng iwwerdimensionéiert Méck fannen an déi dresséiere wëllen, no laange trist-groen an eeschte Filmdeeg, endlech e bëssi Witz matbruecht. Dee Film sollt am Dezember an eise Kinoen ulafen.

A géint der Schluss vum Festival hunn d'Giornate e superschéine chilenesche Film gewisen. Tengo miedo torero - op englesch My Tender Matador - erzielt vun engem eeleren Transvestit am Chile ënnert dem Pinochet, deen aus Léift zu engem Mann op eemol un den demokratesche Befreiungsefforten bedeelegt ass.

Et bleift ze gesinn, wat muer den Owend hei um Lido präissgekréint gëtt, dann iergendwann eventuell de Wee op en normale Kinosecran fënnt, respektiv um LuxFilmFest gewise gëtt. Well och wann d'Kompetitioun net op der Héicht war, u sech war et ewéi op all Festival zu normalen Zäiten: D'Bijoue sinn iwwerall! Et muss een halt vill kucken a se fannen.