An den USA gëtt et den Tony Award, a Frankräich de Molière, an Däitschland de Faust, an England den Olivier Award - dës Präisser belounen all Joer aussergewéinlech Leeschtungen am Beräich Theater. Elo gëtt et och endlech e Lëtzebuerger Theaterpräis, den 17. September ass déi éischt Remise. Nieft engem Haaptpräis, ginn et och dräi Kategorien mat all Kéier fënnef Nominatiounen, déi mer Iech an enger Serie iwwer de Summer virstellen. Am éischten Deel huet d'Christiane Kremer awer emol beim President vun der Theaterfederatioun a bei der Kulturministesch no weideren Detailler gefrot.

14/07/2021 Serie: Den 1. Lëtzebuerger Theaterpräis

Et gëtt e Filmpräis, e Buchpräis, en Danzpräis, verschidde Konschtpräisser a Musekpräisser, mä en Theaterpräis gouf et bis elo nach net zu Lëtzebuerg, bedauert d'Kulturministesch Sam Tanson.Bei de sektorielle Kultur-Assisen virun zwou Wochen war vill vun enger "Iwwerproduktioun" rieds. Et gëtt zu 90% geprouft a knapps emol 10% gespillt, sou d'Metteuse-en-scène an Actrice Sophie Langevin. Méi laang spillen, méi Zäit hunn, méi op Qualitéit an Nohaltegkeet setzen, dat sinn d'Défië fir déi nächst Saisonen. Dem Beräich Theater awer och emol eng Unerkeenung an eng Visibilitéit ginn, dat soll direkt passéieren.

Fir de President vun der Theaterfederatioun Claude Mangen ass dëse Präis eng Häerzensgeschicht a bei der Ministesch hätt hie mat der Iddi oppen Dieren agerannt. All zwee Joer soll dës Auszeechnung iwwerreecht ginn. Eng Erausfuerderung, well net nëmme wéinst der Pandemie war et net einfach all Produktiounen live ze gesinn an natierlech ze bewäerten.

Nieft engem Haaptpräis, dee mat 10.000€ dotéiert gëtt an deen och eréischt bei der Zeremonie bekannt gëtt, ginn et nach 3 Kategorie mat Shortlëschten. Dorënner de Präis Jeune Espoir (3.500€)

Déi zwou aner Kategorien (4.500€) heeschen "backstage", alles wat hannert der Bün passéiert (Toun, Technik, Dekor Kostümer, Maquillage, Coiffeur) oder "onstage" (Schauspill, Regie, Dramaturgie an och Text). 

D'Präisser bezéie sech konkret op d'Nimm.

D'Zeremonie ass den 17. September am Kapuzinertheater nom Theaterfest, dat dëst Joer beim Centre Hamilius ass. Dee selwechten Owend gëtt och den Danzpräis iwwerreecht.

Am Jury sinn: Claude Mangen, Josée Hansen, Vesna Andonovic, Sarah Rock, Nickel Bösenberg.