Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, dee mat 10.000€ dotéiert ass, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Als éischte Portrait proposéiere mer d'Schauspillerin Rosalie Maes, déi an der Kategorie "Jeune Espoir" nominéiert ass. D'Christiane Kremer huet dem Rosalie Maes e puer wichteg Froe gestallt.

16/07/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräis "Rosalie Maes"

D'Rosalie Maes, Joergank 1988, ass mat Theater opgewuess an huet hire Schauspillstudium zu Mainz gemaach. Si trëtt op verschiddenen Theaterbünen op an ass och bei Filmproduktiounen derbäi. Besonnesch fir hir Rollen an "Pièce en plastique" vum Théâtre du Centaure an "Mendy, das Wusical" am Kapuzinertheater ass si nominéiert ginn.