Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Als zweete Portrait proposéiere mer d'Regisseurin Anne Simon, déi an der Kategorie "meilleure création ONSTAGE" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet dem Anne Simon e puer wichteg Froe gestallt.

21/07/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräiss "Anne Simon"

Der Anne Simon, Joergank 1982, war schonn als Kand kloer, dass si spéider wéilt Theater maachen. Si kennt net just all Theaterbühnen hei am Land, ma zanter 2009 inszenéiert si och am Ausland, sief et an Däitschland, Éisträich, zu Barcelona oder zu New York. D'Anne Simon ass besonnesch fir hir Mise en scène vun "Georges Dandin", "Dealing with Claire", "So dunkel hier", "The Hothouse" an "Midsummer" nominéiert ginn.