Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut ass et un der Presentatioun vum Museker Pol Belardi deen an der Kategorie "Backstage" nominéiert ass. D'Christiane Kremer huet dem Pol Belardi e puer wichteg Froe gestallt.

23/07/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräis Pol Belardi

De Pol Belardi, Joergang 1989, huet scho fréi verschidde Musekinstrumenter geléiert, Piano, Percussioun, Gitarr, Synthesizer. Nom Stater Conservatoire huet hie seng Studien  zu Amsterdam gemaach an do och seng éischt Jazz-Band gegrënnt. Hie spillt a komponéiert selwer am Beräich Jazz oder Fusion-Musek. Als Museker op an hannert der Bün ass hie fir d'Produktiounen "The Hothouse" an "Was heisst hier Liebe?" nominéiert.

RTL

© Bohumil Kostohryz (The Hothouse)