Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut geet et ëm d'Actrice a Regisseurin Myriam Muller, déi an der Kategorie "On stage" nominéiert ass. D'Christiane Kremer huet dem Myriam Muller e puer wichteg Froe gestallt.

30/07/2021 Serie: Nominéiert fir 1. Theaterpräis Myriam Muller RADIOVERSIOUN

D'Myriam Muller gehéiert zënter Joerzéngten zu de ganz markante Perséinlechkeeten an der Lëtzebuerger Theaterzeen. Als Schauspillerin ass se national an international souwuel op den Theaterbünen wéi och am Film aktiv. Zënter 2015 ass si d'Directrice artistique vum Théâtre du Centaure. An de leschte Joren huet d'Myriam Muller vrun allem duerch hir Mise en Scènen iwwerzeegt. Fir d'Regie vun "Ivanov" ass si nominéiert.