Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwerreecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschte mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut presentéiere mir Iech den Dramaturg Florian Hirsch, deen an der Kategorie "meilleure création ONSTAGE" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet dem Florian Hirsch e puer wichteg Froe gestallt.

28/07/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräiss "Florian Hirsch"

De Florian Hirsch, 1979 zu Berlin gebuer, huet sech scho fréi fir Theater interesséiert. Scho wärend sengem Studium an de Beräicher Nei däitsch Literatur an Amerikanistik, hat hien niewebäi an der Fräier Theaterzeen vu Berlin un diverse Produktioune matgeschafft. Bal 10 Joer laang huet hien als Dramaturg zum Ensembel vum renomméierte Wiener Burgtheater gehéiert, bis seng Karriär hien 2019 op Lëtzebuerg an den TNL gezunn huet. De Florian Hirsch ass fir d'Produktiounen "Die Verwandlung", "La Peste" an "Zauberberg" nominéiert.