De 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwerreecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschte mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut presentéiere mir Iech de Luuchtentechniker Steve Demuth, deen an der Kategorie "meilleure création BACKSTAGE" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet him e puer wichteg Froe zu sengem Beruff gestallt.

04/08/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräiss "Steve Demuth" RADIOVERSIOUN

10 Joer laang war de Steve Demuth, Joergang 1990, als Techniker mat deene verschiddenste Bands op Tour an huet fir déi richteg Concertsbeliichtung gesuergt. 2016 dunn huet et hien als Luuchtentechniker an d' Theaterwelt gezunn. Lo suergt hien am Groussen Theater, mat all Produktioun op en Neits, fir deen optimale Stëmmungskader.

De Steve Demuth  ass fir d'Produktiounen "Süden" an "On ne badine pas avec l'amour" nominéiert.