Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut geet et ëm de Schauspiller Konstantin Rommelfangen, deen an der Kategorie "Jeune Espoir" nominéiert ass. D'Christiane Kremer huet dem Konstantin Rommelfangen e puer wichteg Froe gestallt.

06/08/2021 Serie: Nominéiert 1. Theaterpräis Konstantin Rommelfangen

De Konstantin Rommelfangen, Joergaang 1991, huet fir d'éischt Geschicht studéiert a sech dunn awer fir d'Schauspillerei decidéiert a säi Studium op der Hochschule der Künste zu Bern gemaach. Hien huet ënnert anerem a verschiddene Filmer a Serië matgespillt, wéi "Comeback" oder "Capitani". Zënter 2009 spillt e schonn Theater op nationalen an internationale Bünen. Hie gouf nominéiert fir seng Rollen an "Rote Nelken für Herkul Grün", "Was heißt hier Liebe?", "Das letzte Feuer", "Mendy, das Wusical" an "So dunkel hier".