Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi wäerte mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut geet et ëm d'Szenografin a Costumière Marie-Luce Theis, déi an der Kategorie Création Backstage nominéiert ass.  D'Christiane Kremer huet dem Marie-Luce Theis e puer wichteg Froe gestallt.

20/08/2021 Serie: Nominéiert Theaterpräis Marie-Luce Theis

D'Marie-Luce Theis, Joergaang 1985, huet no engem éischte Stage am Théâtre National, Bünen-und Filmdesign zu Wien studéiert. Dono huet  se um Burgtheater Wien, bei der Volksbühne zu Berlin an zwee Joer fest um Schauspillhaus zu Zürich geschafft. Zënter 2013 ass si fräischaffend Zenografin zu Lëtzebuerg an am däitschsproochegen Theaterraum. D'Marie-Luce Theis gouf nominéiert fir d'Produktiounen "Süden", "AppHuman" an "Mendy, das Wusical".