Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi stelle mer Iech iwwer de Summer an enger Serie vir. Haut geet et ëm d'Marie Jung, déi zesumme mam François Camus als Schauspiel-Duo an der Kategorie "On Stage" nominéiert ass.  D'Christiane Kremer huet dem Marie Jung e puer wichteg Froe gestallt.

13/08/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräis Marie Jung RADIOVERSIOUN

D'Marie Jung staamt aus enger Schauspill a Kënschtlerfamill an huet hire Ausbildung um Max-Reimhardt-Seminar zu Wien gemaach. Dono huet se an den Ensembelen um Theater zu Basel, bei den Münchner Kammerspiele an am Thalia-Theater zu Hamburg gespillt. Zënter 2020 lieft se zu Lëtzebuerg a pendelt tëscht Däitschland, der Belsch, der Schwäiz a Lëtzebuerg. Nieft der Bün ass si och a Filmproduktiounen ze gesinn. Zesumme mam François Camus ass si fir d'Produktioun "La Peste" nominéiert.