De 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwerreecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschte mat all Kéier 5 Nominatiounen, déi mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virstellen. Haut presentéiere mir Iech d' Szenografin a Kostümdesignerin Peggy Wurth, déi an der Kategorie "meilleure création BACKSTAGE" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet dem Peggy Wurth e puer wichteg Froe gestallt.

11/08/2021 Serie: Nominéiert fir den 1. Theaterpräis Peggy Wurth RADIOVERSIOUN

Dem Peggy Wurth gouf d'Kreativitéit quasi an d'Wéi geluecht. Schonn als klengt Meedchen huet si gären hirer Mamm an hirer Groussmamm beim néien nogekuckt an och selwer Kleeder fir hir Poppen gebitzt. Spéider dunn huet si, no éischten Erfarungen hannert den Theaterkulissen, decidéiert op London ze goen fir um Wimbledon College of the Arts „Theater Design“ ze studéieren. Zënter 2003 schafft si als fräischaffend Costumière an Zenografin hei zu Lëtzebuerg.

D'Peggy Wurth gouf nominéiert fir d'Produktioun "Pas un pour me dire merci".