Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi stelle mer Iech iwwer de Summer an enger Serie vir. Haut geet et ëm de Schauspiller Pitt Simon, deen an der Kategorie "meilleure création onstage" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet dem Pitt Simon e puer wichteg Froe gestallt. 

25/08/2021 Serie: Nominéiert Theaterpräis Pitt Simon RADIOVERSIOUN

De Pitt Simon, Joergang 1977, war schonn an enger ganzer Partie Film- a Serieproduktiounen ze gesinn. Ma et ass d'Welt vum Theater an där hie sech ganz besonnesch wuel fillt. Seng Schauspillausbildung huet hien zu Paräis gemaach. Hie gouf nominéiert fir seng Rollen an "Georges Dandin", "Terres Arides", "Jockey", "Rote Nelken für Herkul Grün", "Rabonzel", "Ivanov", "AppHuman", "Mendy, das Wusical"an "Fake Facts".