De 17. September gi fir d'éischte Kéier Lëtzebuerger Theaterpräisser iwwerreecht. Nieft engem Haaptpräis, dee mat 10.000€ dotéiert ass, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi stelle mer Iech de Summer iwwer an enger Serie vir. Haut ass et un der Presentatioun vun der Schauspillerin a Regisseurin Aude-Laurence Biver, déi an der Kategorie "Jeune Espoir" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet dem Aude-Laurence Biver e puer wichteg Froe gestallt. 

27/08/2021 Serie: Nominéiert fir 1. Theaterpräis Aude-Laurence Biver RADIOVERSIOUN

D'Aude-Laurence Biver, Joergang 1985, ass duerch hire Papp, de Realisateur Robert Biver, scho mat Film an Theater opgewuess. Haut ass si als Schauspillerin zu Lëtzebuerg an am Ausland souwuel virun der Kamera, wéi och op der Bün aktiv. Ma och mat hire Mise en scènen huet si an deene leschte Joren ëmmer nees den Theaterpublic begeeschtert. Si ass fir d'Produktiounen "Le Poisson belge"an "Le Mensonge" nominéiert.