Den 17. September gëtt fir d'éischte Kéier en Theaterpräis iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi hu mer Iech iwwer de Summer an enger Serie virgestallt. Haut geet et ëm d'Regisseurin a Schauspillerin Renelde Pierlot, déi an der Kategorie Jeune Espoir nominéiert ass.  D'Christiane Kremer huet dem Renelde Pierlot e puer wichteg Froe gestallt.

01/09/2021 Serie Nominéiert Theaterpräis: Renelde Pierlot RADIOVERSIOUN

D'Renelde Pierlot- Joergang 1987- ass an der Belsch gebuer a koum mat 4 Joer op Lëtzebuerg wunnen. Eng Produktioun an de Rotonden hat si als Kand esou markéiert, datt se vun do un hir Pasioun kloer virun Aen hat: Theater maachen. No hirem Diplom am Art Dramatique zu Léck, huet se dono an Däitschland geschafft, an der Belsch an zu Lëtzebuerg. Zënter e puer Joer ass se vrun allem als Actrice a Regisseurin aktiv an dat mat ganz onkonventionelle Projeten. Si gouf nominéiert fir "Pas un pour me dire merci" an "AppHuman".