Déi lescht zwou Saisone ware fir déi Lëtzebuerger Kulturhaiser alles anescht wéi einfach. Laang waren d'Dieren zou, d'Säll eidel an d'Bühnen ouni Liewen - et huet vill missen ëmgeduecht ginn. Ma elo ass et endlech nees richteg lass gaangen. Och hei am Land ass een de leschte Mount mat vill Zouversiicht an déi nei Saison gestart.

An eiser Serie iwwer regional Lëtzebuerger Kulturhaiser, presentéiere mir Iech haut d'Kulturhaus Nidderaanwen. D'Sandy Elsen huet der Stéphanie Neiers, Responsabel fir déi kënschtleresch Leedung, e puer wichteg Froe gestallt.

08/10/2021 Serie: Letzebuerger Kulturhaiser - Kulturhaus Nidderaanwen RADIOVERSIOUN

2008 huet d'Kulturhaus Nidderaanwen seng Dieren opgemaach. An engem grousse grénge Park geleeën, bitt dëst Haus, dat aus engem alen an engem neien Deel besteet, dem Public eng diversifiéiert Programmatioun. Vu Literatur iwwer Theater bis hin zu Workshoppen et ass fir all Goût an all Alter eppes dobäi.