Déi lescht zwou Saisone ware fir déi Lëtzebuerger Kulturhaiser alles anescht wéi einfach. Laang waren d'Dieren zou, d'Säll eidel an d'Bühnen ouni Liewen - et huet vill missen ëmgeduecht ginn. Ma och hei am Land konnt een de leschte Mount mat vill Zouversiicht an déi nei Saison starten.

Déi lescht Wochen iwwer hu mer Iech an enger Serie regional Lëtzebuerger Kulturhaiser méi no bruecht. Am leschten Episod vun dëser Serie presentéiere mir Iech de Cube 521 vu Marnech. D'Sandy Elsen huet der Direktesch Odile Simon e puer wichteg Froe gestallt.

13/10/2021 Serie: Letzebuerger Kulturhaiser - Cube 521 Maarnech RADIOVERSIOUN

Zanter seng Ouverture am November 2007 huet sech dat regionaalt Kulturhaus Cube 521 zu engem Forum fir Kënschtler aus dem In- an Ausland etabléiert. Un der Nordspëtzt vum Land geleeën, bitt de Maarnecher Cube dem Public déi verschiddenst Kulturerliefnisser. Déi kënschtleresch Leedung huet hei d'Odile Simon.