Eng Lëtzebuergesch Produktioun vum Donato Rotunno mam Titel IO STO BENE mam Marie Jung leeft dës Woch nei an de Kinoen un, genee wéi THE LAST DUEL, de neien Epochefilm vum Ridley Scott mam Matt Damon, EIFFEL, e Biopic iwwert de Gustav Eiffel, an eng Suite vun enger Marvel Comic Verfilmung mam Titel VENOM : LET THERE BE CARNAGE. De Loïc Tanson stellt iech d'Kinossortien vun dëser Woch vir.

13/10/2021 Nei am Kino

IO STO BENE vum Donato Rotunno mam Marie Jung

RTL

Den Antonio trauert em seng Fra a verlaangert no sengem Heemechtsland Italien. D’Leo, eng jonk italienesch Kënschtlerin, ass op der Sich no enger Zukunft an engem anere Land. Wann den eelere Mann an der jonker Fra hir Weeër sech kräizen spigelen hir Existenzen sech an enger emotionaler Zäitrees zeréck. IO STO BENE mam Marie Jung ass vum Donato Rotunno realiséiert.

THE LAST DUEL vum Ridley Scott mam Matt Damon

RTL

THE LAST DUEL ass vu geschichtleche Fakten inspiréiert. Héi  geet et wei den Titel et seet ëm de leschten legalen Duell a Frankräich. De 29ten Dezember 1386 stoungen sech zwee al Kolleegen a mëttlerweil verbattert Rivalen, de Jean de Carrouges an de Jacques Le Gris géigeniwwer bis een vun deenen zwee net méi lieft. Et ass en Duell op den Doud initiéiert well de Le Gris dem Carrouges seng Frä soll agresséiert hunn. D’Schicksal vun den 2 Männer léit deemno a Gott sengen Hänn. THE LAST DUEL ass vum Ridley Scott realiséiert mam Matt Damon, dem Ben Affleck an dem Adam Driver.

EIFFEL vum Martin Bourboulon mam Romain Duris

RTL

No senger Kollaboratioun un der Fräiheetsstatue ass de Gustave Eiffel weltbekannt. Déi franséisch Regierung well dat den Eiffel eppes spektakuläres erschaaft fir déi universell Ausstellung déi 1889 zu Paräis wäert organiséiert ginn. Den Eiffel ass Ufanks net interesséiert, ma hie wäert seng Meenung awer seier änneren wann hien op seng grouss Jugendléift trëfft. Hier verstoppte Romanz wäert Bild vun der Paräisser Landschaft fir ëmmer veränneren. De Romain Duris spillt de Gustave Eiffel an dësem Biopic dee vum Martin Bourboulon inzenéiert gouf.

VENOM : LET THERE BE CARNAGE vum Andy Serkis mam Tom Hardy

RTL

Den Eddie Brock versicht sou gutt wéi méiglech mat sengem ausserierdeschen Alter-Ego dem Venom ze co-existéieren. Ma wann en ausgeflippte "Serial Killer" op eemol och en Ausserierdesche Symbiot a sech liewen huet mussen den Eddie an de Venom zesumme schaffen fir dem Cletus Kasady d’Handwierk ze leeën. LET THERE BE CARNAGE ass eng duerchgeknallte Suite vun der VENOM Comic Adaptatioun mam Tom Hardy an der Haaptroll.