Zënter iwwer 25 Joer ass den Donato Rotunno an der Lëtzebuerger Filmwelt mat senger Produktiounsfirma Tarantula present. Nieft der Funktioun vum (Co-)Produzent ass hien awer och als Realisateur an Zenarist aktiv souwuel fir Dokumentären, wéi och fir Fiktiounsfilmer. 

Ëmmer erëm taucht awer een Thema a senger Aarbecht op: seng italienesch Wuerzelen. Säin aktuelle Film "Io Sto bene" erzielt déi fiktiv Geschicht vun zwee Mënschen, déi a verschiddenen Zäiten aus hirer Heemecht Italien op Lëtzebuerg kommen.
A sengem Büro zu Bouneweg huet den Donato Rotunno mam Christiane Kremer iwwer d'Iddi vum Film geschwat an iwwer d'Virdeeler vun der Méisproochegkeet.

19/10/2021 Podpurri Episod 47 Donato Rotunno 16h15