Gëschter Owend war am Groussen Theater déi 9ten Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis, deen huet mussen wéinst der Pandemie ëm e Joer verluecht ginn. Wéinst der aktueller Corona-Situatioun ass decidéiert ginn d'Receptioun no der Zeremonie ofzesoen an d'Iessen un d'Stëmm vun der Strooss ze stëften. D'Zeremonie selwer gouf awer esou bäibehalen, wéi virgesinn. A 14 Kategorien - sou vill wéi nach ni - sinn d'Präisser iwwerreecht ginn. Grousse Gewënner ass d'Serie "Capitani" mat gläich 4 Präisser. An der Kategorie beschte Lëtzebuerger Film gouf "Superjhemp retörns" ausgezeechent. Christiane Kremer

27/11/2021 Lëtzebuerger Filmpräis 2021