Ee vun den neie Filmer an eise Kinossäll huet éischter d'Format vun enger Serie a sechs Episoden. Et ass awer kee Krimi, keng Comedie, keen Drama - mä e Lëtzebuerger Dokumentär iwwer e Stater Quartier: de Lampertsbierg. Geschriwwen a realiséiert gouf e vun engem Lampertsbierger, dee sech mat Filmer gutt auskennt, allerdéngs éischter an der Roll vum Kritiker: de Joy Hoffmann. D'Christiane Kremer iwwerhëlt déi Roll haut fir "De Lampertsbierg".

20/11/2021 Film vun der Woch "De Lampertsbierg" vum Joy Hoffmann RADIO

"De Lampertsbierg" kann een an zwou Seance kucke goen, mat all Kéier 3 Episoden.