"Komm, ech filmen dech!" heescht eng Serie vu ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch, déi mat hiren Documentairen a Fiktiounsfilmer laang bekannt ass, kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.

Am Interview mam Christiane Kremer huet d'Geneviève Mersch verroden, wéi et zu dëser Initiativ komm.

30/11/2021 Podpurri Ep. 53 "D'Cineastin Geneviève Mersch 16h15