"Komm, ech filmen dech!" heescht eng Serie vu ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch, kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.
D'Geneviève Mersch ass scho laang bekannt mat hire Fiktiounsfilmer an Documentairen. Hiren éischte Film war "D'Roud Bréck" um Ufank vun den 1990er Joren. Doranner geet et ëm dat sensibelt Thema vun de Suiciden mat deene sech d'Mënschen am Pafendall dacks hu mussen ausernanersetzen.
De  Film gouf deemools um Hei Elei gewisen an hat och vill Diskussiounen ausgeléist. D'Christiane Kremer am Gespréich mam Geneviève Mersch.

02/12/2021 Podpurri Ep. 53 "D'Cineastin Geneviève Mersch" 11h45