"Komm, ech filmen dech!" heescht eng Serie vu ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch, kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.
D'Geneviève Mersch ass scho laang bekannt mat hire Fiktiounsfilmer an Documentairen. Hiren éischte Film war "D'Roud Bréck" um Ufank vun den 1990er Joren. Dono koumen nach ënneranerem "De Roger" oder "Plein d'essence" ode roch Fiktiounsfilmer wéi "J'ai toujours voulu être une sainte".
Wéi alles ugaangen ass an iwwer d'Frae beim Film huet sech d'Christiane Kremer mam Geneviève Mersch ënnnerhalen.

04/12/2021 Podpurri Ep. 53 D'Cineastin Geneviève Mersch 13h15