Reuter-Bausch heescht eng fonkelnei Konschtgalerie an der Ënneschtgaass, déi zanter enger knapper Woch hir Dieren ophuet. Eng nei Aventure fir d'Julie Reuter, déi haaptsächlech jonke Kënschtler méi Visibilitéit wëll ginn. Een dovunner ass de Julien Hübsch, ee vu véier Artisten déi an der éischter Expo an der Galerie ze gesi sinn. D'Galeristin an de Kënschtler hunn zesummen mam Claudia Kollwelter awer och e Bléck an d'Zukunft geheit. Am Januar ass déi nächst Gruppenexpo an der Galerie geplangt:

11/12/2021 Podpurri Hübsch a Reuter 13h15