Zanter bal 20 Joer maachen se schonn zesumme Musek. Ugefaangen als Schülerband mat Punk a Ska, sinn "The Disliked" haut fir hire Reggae an hir Live-Shows, déi ee matrappen, bekannt. Am November hate si d'Release vun hirer neier EP "Underwater Rescue" an der Kulturfabrik zu Esch. Wat et mat där Ënnerwaasser-Welt op sech huet a wat fir d'Zukunft vun der Band geplangt ass, dat hunn de Cedric Metz an de Ben Nilles dem Claudia Kollwelter am Gudde Wëllen verroden. Si hunn em awer och erzielt wéi d'Organisatioun bannent der Band ofleeft:

25/12/2021 Best of Podpurri - The Disliked 13h15