Am Groussen Theater ass dës Woch d'Première vum Mäerchen "All d'Déieren aus dem Bësch", dat vum Anne Simon inszenéiert gëtt a vum Elise Schmit geschriwwen ass. Fir d'Schrëftstellerin, déi fir hir Kuerzgeschichten-Sammlung "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" virun 2 Joer de Servais-Präis krut, ass dat schonn déi drëtt Büneproduktioun vum Joer.
Wärend enger Prouf, awer vrun der zouener Dier vum Sall, huet Elise Schmit mam Christiane Kremer geschwat iwwer d'Freed um Schreiwen, iwwer Märercher, déi net mat enger Hochzäit ausginn, d'Angscht vrun der Première.

14/12/2021 Podpurri Ep. 55 D'Elise Schmit