Gëschter Owend war am Groussen Theater d'Première vum Mäerchen "All d'Déieren aus dem Bësch", dat vum Anne Simon inszenéiert gëtt a vum Elise Schmit geschriwwen ass. Fir d'Schrëftstellerin, déi fir hir Kuerzgeschichten-Sammlung "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" virun 2 Joer de Servais-Präis krut, ass dat schonn déi drëtt Büneproduktioun vum Joer.
Wärend enger Prouf, awer vrun der zouener Dier vum Sall, huet Elise Schmit dem Christiane Kremer erzielt, wat et fir en Erliefnes ass, ze gesinn, wéi säin Text op eemol op der Bün lieweg gëtt.

16/12/2021 Podpurri Ep. 55 D'Schrëftstellerin Elise Schmit