Am Groussen Theater war gëschter d'Première vum Mäerchen "All d'Déieren aus dem Bësch", dat vum Anne Simon inszenéiert gëtt a vum Elise Schmit geschriwwen ass. Fir d'Schrëftstellerin ass dat schonn déi drëtt Büneproduktioun vum Joer.
Datt se eemol bei den Theater kéim, hat se net direkt geplangt. Mat dem Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" hat se hiert éischt Buch publizéiert, dat virun 2 Joer dann och direkt mam Servais-Präis ausgezeechent gouf. Och virdrun gouf et scho Geschichten an esouguer e Roman, deen ni erauskomm ass, well si net wollt, wéi se dem Christiane Kremer schonn emol viru Joren erzielt hat. An am Podcast-Gespréich koume se nach emol dorobber zeréck..

18/12/2021 Podpurri Ep. 55 d'Elise Schmit