No engem schwéiere Joer 2020 konnte an der Kultur 2021 nees opgeotemt ginn.

Et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.
Fir d’Literatur waren d’Librairien an d'Bibliothéike scho méi laang op, mä den direkte Kontakt mam Publikum iwwer Liesungen a Foiren war ënnerbrach. Am Fréijoer ass de Centre de Littérature vu Miersch dofir mat den Auteuren op Liesrees gaangen.
D’Stëmmung war gutt, bis am Juli zu Miersch d’Waasser an d’Haus koum. D’Christiane Kremer huet sech mat der Direktesch vum Literatur-Archiv Nathalie Jacoby ënnerhalen.

27/12/2021 Kulturréckbléck: Literatur