Nom schwéiere Pandemie-Joer 2020 war Lëtzebuerg dëst Joer am Januar quasi dat eenzegt Land an Europa, an deem d’Kulturhaiser nees opgaange sinn.

Ausstellunge konnt ee bal ëmmer kucke goen, mä d’Zuel vun den Entréeë war limitéiert an déi sogenannte convivial Momenter, wéi de Vernissage, goufen ofgesot. Dorausser hu  sech awer nei Iddien entwéckelt: D'Expoe si méi laang an d'Kënschtler méi disponibel gi fir d'Visiteuren - doriwwer huet sech d’Christiane Kremer mam Marlène Kreins vum Kulturzenter Op der Schmelz vun Diddeleng ënnerhalen.

29/12/2021 Kulturréckbléck: Konscht